Aktivitéiten Cycle 4

Steenzäit - Workshops
09/02/2022D'Kanner aus dem Cycle 4.1 hunn sech e ganzen Dag Zäit geholl, fir Techniken aus der Steenzäit auszeprobéieren an esou ze léieren, wéi d'Leit deemols geliewt hunn.
» Galerie

Prett fir de Lycée
15/01/2022Samschdes, den 15. Januar huet de Cycle 4.2 mam Projet "Prett fir de Lycée" ugefangen. Bei deem Projet geet et drems, d'Kanner aus dem Cycle 4.2 fit fir d'Emfeld vum Lycée ze maachen.
» Galerie

Journée Nationale de l'Arbre
03/12/2021Freides, den 3. Dezember 2021 hunn d'Kanner aus dem Cycle 4.2 zesummen mam Fierschter Tom Engel a mat de Bëscharbechter Uebstbeem geplanzt.
» Galerie

Steenzäit - Juegdspill
01/12/2021Den 1. Dezember 2021 sinn d'Kanner vum Cycle 4.1 am Buchholz op d' "Juegd" gaangen, fir ze léieren, wéi schwéier et war, deemols eppes z'iessen ze kréien.
» Galerie

Mëttelalterdag vum Cycle 4.2
20/10/2021Mëttwochs, den 20. Oktober war den Cycle 4.2 op Buurschent op d'Buerg, fir do ze léieren, firwat eng Buerg gudd ass. Wiederbedéngt ass deen Dag awer regelrecht an d'Waasser gefall ...
» Galerie



Sortie Minette
30/06/2021Wéinst dem COVID-19 an deenen domat verbonnen Aschränkungen war et fir den Cycle 4.2 och dest Joer net méiglech wi fréier an d'Mine schaffen ze goen. Fir trotzdem de Minette besser kennen ze léieren, huet de Cycle 4.2 den 30. Juni en Dag am Minette verbruecht.
» Galerie

Coupe scolaire 2021
10/06/2021Dest Joer konnt zu Duelem erem eng Coupe scolaire ofgehaale ginn.
» Galerie

Steenzäitworkshops
03/02/2021D'Kanner aus dem Cycle 4.1 hunn durch d'Matmaachen bei verschiddenen Ateliers erliewt, wéi d'Liewen an der Steenzäit war.
» Galerie
