Aktivitéiten Cycle 4
Ofschloss-Woch am Cycle 4.2
08/07/2025An der Woch vum 30. Juni hat de Cycle 4.2 all Dag en aneren, flotten Ausfluch, fir hiren Ofschloss zu Duelem an der Schoul ze feieren. Vu Klotergaart, bis Kino, Piscine a Minigolf, war och d'Phantasialand um Programm.
» Galerie
De Cycle 4 liest vir
27/06/2025Haut ware mir erop bei de Cycle 1 an de Cycle 2, wou mir de Kanner a Gruppen aus Kannerbicher virgelies hunn. All Grupp huet während Wochen ee Buch op franséisch an ee Buch op däitsch virbereed.
» Galerie

Virliesconcours am Cycle 4
12/06/2025Während Wochen hunn eis Kanner e Passage an engem Buch virbereed. An enger 2. Ronn hu se du missen en onbekannten Text virliesen.
Félicitatiounen eise 6 Gewënner!
» Galerie
Charity Cross
23/05/2025De Cycle 4 huet vill Kilometeren um Charity Cross zu Gréiwemaacher gesammelt.
» Galerie
Cycle 4 - Veloswoch - Deel 4
15/05/2025Zum Schluss vun eiser Veloswoch hu mir donneschdes eis grouss Final op der Scoutswiss gehat. D'Kanner goufe vu ville Klassen ugefeiert.

Cycle 4 - Veloswoch - Deel 1
14/05/2025D'Veloswoch 2025 huet donneschdes mat engem Velos-Check an engem Theories-Test gestart.
Méindes ware mir an de Verkéiersgaart op Nidderanven.
Cycle 4 - Veloswoch - Deel 2
14/05/2025Dënschdes hu mir op der Scoutswiss e puer Geschécklechkeets-Ateliere gemat.

Cycle 4 - Veloswoch - Deel 3
14/05/2025Mëttwochs goufe mer op dem Pumptrack zu Zéisseng am Stade Boy Konen e bëssen erausgefuerdert.
Visitt vun der Stad an de Kasematten
31/03/2025Am Kader vun eisem Geos- a Geschichtscours si mir haut mam Cycle 4.2 an d'Stad gaang. Mir hunn e Rallye gemat a sinn als Ofschloss an d'Kasematte gaang.