Zum Haaptinhalt sprangen

Aktivitéiten Cycle 4


De Cycle 4.1.1 mécht zesumme Musék

28/01/2026

Zesumme si mir op Méindeg-Moiender op Mondorf an de grousse Musékssall gefuer, wou mir als Klass zesumme gesong a musizéiert hunn. Jiddfere konnt op engem Instrument spillen, egal ob Muséker oder net. Mir hunn och zesummen nei Instrumenter kennegeléiert, déi vläicht net esou bekannt sinn.

E grousse Merci dem Luc Goedert an dem Olivier Gravier vun der Regionaler Muséksschoul Munnerëf, et war super!




Feiertechniken

07/01/2026

Am Kader vun eisem Geschichtscours zum Thema "Steinzeit" hu mir haut verschidden Technike geléiert, wéi ee Feier maache kann. Och bei Schnéi klappt dat!




Dag vum Bam 2025

21/11/2025

Déi zwou Cycle 4.1 Klassen hunn haut e puer Beem geplanzt, dëst am Kader vum Dag vum Bam.




Yoga am Cycle 4

29/10/2025

Haut de Moien hu mer 1,5 Stonn Yoga mat mam Joyce Serres am Cycle 4 gemaach. Mir hu geléiert, eis ze stretchen, hunn Otemübunge gemaach a waren herno richteg entspaant drop...




Duelemer Busadler 2025/2026

23/10/2025

Mir gratuléieren deenen neien Duelemer Busadler! Si hunn hier Formatioun gepackt. Si sinn ab elo och an de Schoulbusser aktiv.

Am C 4.1.1 waren folgend Kanner dobäi: Catherine, Charlotte, Mads, Felix, Pol, Sam, Emil, Aras
Am C 4.1.2 sinn et: Oscar, Cris, Nick, Zion, Matisse, Alina, Elina, Lana, Hannah, Jil, Bérénice, Pierre, Elina

Bravo!




Taekwondo - Schnupper-Kurs

21/10/2025

Am Cycle 4 gouf et e Schnupper-Kurs am Taekwondo... Merci un den Här Romain Dicken.




Musée - "Evolution der Wirbeltiere"

03/10/2025

De Cycle 4.1.1 war an de Musée, do hu mir en Atelier am Kader vum Geschichts-Cours gemat.




Ofschloss-Woch am Cycle 4.2

08/07/2025

An der Woch vum 30. Juni hat de Cycle 4.2 all Dag en aneren, flotten Ausfluch, fir hiren Ofschloss zu Duelem an der Schoul ze feieren. Vu Klotergaart, bis Kino, Piscine a Minigolf, war och d'Phantasialand um Programm.




De Cycle 4 liest vir

27/06/2025

Haut ware mir erop bei de Cycle 1 an de Cycle 2, wou mir de Kanner a Gruppen aus Kannerbicher virgelies hunn. All Grupp huet während Wochen ee Buch op franséisch an ee Buch op däitsch virbereed.




Virliesconcours am Cycle 4

12/06/2025

Während Wochen hunn eis Kanner e Passage an engem Buch virbereed. An enger 2. Ronn hu se du missen en onbekannten Text virliesen.

Félicitatiounen eise 6 Gewënner!