Aktivitéiten Cycle 4

Teambuilding C4.1
17/09/2020Donneschdes, den 17. September war den Cycle 4.1 de ganzen Dag zu Kayl am Scoutschalet, fir d'Schouljoer 2020/2021 esou richteg un d'Rullen ze kréien. Corona-bedengt huet den Teambuilding dest Joer just een Dag gedauert. Biller vum Dag stinn an der Galerie
» Galerie

Festung Lëtzebuerg - Cycle 4.2
11/03/2020Den 11. Maerz 2020 hunn d'Kanner vum Cycle 4.2 fir een Dag d'Roll vun Agenten iwwerholl, fir op déi Manéier d'Festung Lëtzebuerg an hir Geschicht kennen ze léieren an e puer spannend Momenter ze erliewen. Biller zu deem Dag sinn an der Galerie.
» Galerie

ORIKA - Lycée Robert Schuman
05/02/2020Mëttwochs, de 5. Februar ware mir mat dem Cycle 4.2 an de Lycée Robert Schuman.

Steenzäitworkshops - Cycle 4.1
05/02/2020D'Kanner vum Cycle 4.1 hunn während engem ganze Nomëtteg Techniken aus der Steenzäit ausprobéiert.
» Galerie

Prett fir de Lycée
25/01/2020Wann d'Kanner aus dem C4.2 bis an de Lycée ginn, dann ännert sech vill fir si, net nëmmen a punkto Léieren. Fir besser mam Emfeld vum Lycée eens ze ginn, hunn d'Kanner aus dem C4.2 d'Méiglechkeet un der Formatioun "Prett fir de Lycée" deel ze huelen. Um Enn vun der Formatioun gëtt et dann fir jidfereen en Diplom.
» Galerie

Ozone - Trampolin+Ninjaparc
23/01/2020Am Cycle 3.2 an am Cycle 4 ginn d'Kanner fir gudd Schaffen an gudd Behuelen belount. Duerfir waren d'Kanner vum Cycle 3.2 an d'Kanner vum Cycle 4, déi eng Belounung verdengt haten, an den Ozone op Féiz. Si haten sech des Aktivitéit selwer eraus gesicht.
» Galerie

ORIKA - Schengenlycée
10/01/2020Freides, den 10. Januar war den Cycle 4.1 aus der Duelemer Schoul am Schengenlycée zu Perl, fir do emol ze gesinn, wat alles an engem Lycée esou lass ass.
» Galerie

Journée Nationale de l'Arbre
13/12/2019Freides, den 13. Dezember hunn d'Kanner aus dem Cycle 4.1 zesummen mam Fierschter an de Bëschaarbechter Äppelbeem am Bongert zu Duelem geplanzt. Duerno gouf et nach Choky a Mëtschen am Hall vum Service technique vun der Gemeng.
» Galerie


Mëttelalterabenteuer
13/11/2019Fir den Alldag vun de Leit am Mëttelalter besser kennen ze léieren, hun d'Kanner vum Cycle 4.2 eng "Pilgerrees" vun Manderen op Sierck-les-Bains gemat. Dobäi hunn si selwer erliewe kennen, dass d'Liewen am Mëttelalter net emmer roseg war.
» Galerie
