Aktivitéiten Cycle 4

Cybersecurity Week am Schengenlycée
25/11/2023De 16. November war de Cycle 4.2 an de Schengenlycée, fir do un der Cybersecurity-Week deelzehuelen.
"Mir wëllen Iech déi spannend Welt vun der Cybersecurity virstellen. Dëst si spannend Concourse wou Dir Äert Wëssen a Fäegkeeten am Beräich vun der Cybersécherheet demonstréiere kënnt andeems Dir eenzel Aufgaben (Erausfuerderungen) léist. D’Zil ass Iech fir d’Thema Cybersécherheet ze begeeschteren an Är Fäegkeeten an dësem Beräich z’entwéckelen.
Wärend den Erausfuerderunge wäert Dir mat verschiddenen Aufgaben a Puzzel konfrontéiert ginn, déi geléist musse ginn. Dir léiert wéi Dir Schwächen a Computersystemer entdeckt, wéi Dir Iech virun Hackerattacke schützt a wéi Dir sécher um Internet kommunizéiere kënnt. Et hëlleft Iech déi verschidden Aarte vu Bedrohungen ze verstoen deene mir all Dag online ausgesaat an Iech d’Wësse gi fir Iech ze schützen.
Dës Erausfuerderunge kënne verschidde Formen unhuelen, sou wéi Code briechen, verstoppten Hiweiser fannen oder Hackerattacke simuléieren. Si sinn entwéckelt fir Äert kritescht Denken, Problemléisungsfäegkeeten, Kreativitéit an Out-of-the-Box Denken ze encouragéieren."
Duerno si mir ganz stolz heemkomm, well mir hu gewonn!
» Galerie

Teambuilding Cycle 4.1 - September 2023
25/11/2023Hei sinn e puer Fotoe vun eisem Teambuilding mam Cycle 4.1 zu Kayl.
» Galerie


Steenzäitworkshops
25/01/2023De Cycle 4.1 war an de Bësch, fir Techniken auszeprobéieren, déi d'Menschen an der Steenzäit benotzt hunn.
» Galerie

Steenzäitjuegdspill
30/11/2022De Cycle 4.1 huet d'Liewen an der Steenzäit kenne geléiert. Net esou einfach, eppes z'iessen ze kréien ...
» Galerie

Visite Stad Lëtzebuerg
23/11/2022De Cycle 4.2 huet eng Sortie an d'Stad Lëtzebuerg gemat, fir d'Haaptstad besser kennen ze léieren an di néideg Filmopnahmen a Fotoen ze maachen, déi si fir hir Aarbecht an der Schoul brauchen.
» Galerie

Château de Malbrouck
19/10/2022De Cycle 4.2 war op Manderen (F), fir um "Château de Malbrouck" ze léieren, wéi d'Liewen zur Zeit vun de Ritter a Burgen war.
» Galerie


Velostour vum Cycle 4.1
29/06/2022De Cycle 4.1 war den 29. an den 30. Juni 2022 mam Velo ennerwee. Mëttwochs goung et vun Duelem op Gréiwemaacher, fir d'Muselgéigend kennen ze léieren. D'Nuecht gouf um Camping zu Griwemaacher verbruecht. Donneschdes goung et mam Velo weider op Tréier, wou d'Visite vun de réimeschen Gebeier um Programm stoung.
» Galerie

Velosdag am Cycle 4
09/06/2022Well de Cycle 4 dest Joer net an de Verkéiersgaart konnt goen, hunn d'Kanner aus dem Cycle 4 de 9. Juni 2022 an den Duelemer Stroossen d'Verkéiersreglen kenne geléiert an trainéiert.
» Galerie
