Aktivitéiten Cycle 4

Das Experiment
23/05/2019D'SchülerInnen aus dem Cycle 4.1 hunn am Mount Mee mat den Dréiaarbechten fir hire Film "Das Experiment" ugefaangen. Wann alles gudd geet, kenne si hire Film am Juli 2020 dem Publikum virstellen.
» Galerie

Festung Lëtzebuerg
16/05/2019Donneschdes, den 16. Mee, hunn d'Kanner vum Cycle 4.2 an der Geschicht d'Thema "Festung Lëtzebuerg" ofgeschloss. Op engem klengen Tour duerch d'Iwwerreschter vun der Festung hunn si bei engem Quiz weise kennen, wat si zu deem Thema beigeléiert hunn.
» Galerie

Coupe scolaire - Verkéiersgaart
13/05/2019Méindes, den 13. Mee, waren d'Kanner vum Cycle 4.1 zu Mondorf am Verkéiersgaart, wou si bei herrlechem Wieder fir d'Coupe scolaire trainéiert hunn.
» Galerie

Bee Secure
07/05/2019D'Maison Relais hat an Zesummenaarbecht mat "Bee Secure" Ateliers organiséiert, wou d'Kanner aus dem Cycle 4 op d'Geforen vum Internet - a méi besonnesch dem Cybermobbing - opmierksam gemat goufen.
» Galerie

Ronja Räubertochter - Belounung
26/04/2019Freides, den 26. Abröll, hunn sech géint der Owend all déi Kanner vum Cycle 4.2 am Keltenhaus getraff, déi eng Belounung fir hir Aarbechten um Buch "Ronja Räubertochter" zu gudd haten. Fir d'éischt gouf am Keltenhaus gegrillt, duerno gouf zesummen am klenge Chalet vun den Lëtzebuerger Guiden a Scouten de Film "Ronja Räubertochter" gekuckt. E puer Kanner hunn och d'Nuecht am Keltenhaus verbruecht. Et war e flotten Owend fir all déi, déi derbäi waren.
Fotoen vum Owend fënnt een an der Galerie.
Fotoen vum Owend fënnt een an der Galerie.
» Galerie

En Dag am Keltenhaus
03/04/2019Mëttwochs, den 3. Abröll, waren d'Kanner aus dem Cycle 4.1 um Neihaischen am Keltenhaus, fir do e ganzen Dag laang ze erliewen, wéi d'Kelten fréier gelieft hunn. Biller vun deem Dag fënnt een an der Galerie.
» Galerie
Sportsstonnen am Cycle 4
17/03/2019Hei e puer Andréck vun eise Sportsstonnen. Mol dobaussen, mol dobannen, mol am Schnéi...
» Galerie
Schouluniformen - Pro a Kontra
08/03/2019No enger Debatt a Form vun dem "Speed-Dating"-Prinzip hunn d'Kanner aus dem Cycle 4.2 vill Grënn fir oder géint Schouluniformen fonnt. Verschidde Kanner wollten dat ganzt testen...
» Galerie

Beem planzen am Bongert
08/03/2019Freides, den 8. Maerz hunn d'Kanner vum Cycle 4.1 zesummen mam Fierschter an de Böschaarbechter am Bongert Beem geplanzt. Fotoen sinn an der Galerie ze gesinn.
» Galerie
