Aktivitéiten Cycle 4

En Dag am Keltenhaus
03/04/2019Mëttwochs, den 3. Abröll, waren d'Kanner aus dem Cycle 4.1 um Neihaischen am Keltenhaus, fir do e ganzen Dag laang ze erliewen, wéi d'Kelten fréier gelieft hunn. Biller vun deem Dag fënnt een an der Galerie.
» Galerie
Sportsstonnen am Cycle 4
17/03/2019Hei e puer Andréck vun eise Sportsstonnen. Mol dobaussen, mol dobannen, mol am Schnéi...
» Galerie
Schouluniformen - Pro a Kontra
08/03/2019No enger Debatt a Form vun dem "Speed-Dating"-Prinzip hunn d'Kanner aus dem Cycle 4.2 vill Grënn fir oder géint Schouluniformen fonnt. Verschidde Kanner wollten dat ganzt testen...
» Galerie

Beem planzen am Bongert
08/03/2019Freides, den 8. Maerz hunn d'Kanner vum Cycle 4.1 zesummen mam Fierschter an de Böschaarbechter am Bongert Beem geplanzt. Fotoen sinn an der Galerie ze gesinn.
» Galerie
Visite vum Schengen-Lycée
15/02/2019De 15. Februar waren d'Joffer Melissa an d'Joffer Li mat de Kanner aus dem Cycle 4.1 an de Schengen-Lycée.
» Galerie

Schlittschong fueren
14/02/2019Donneschdes, den 14. Februar waren d'Kanner vum Cycle 4 - zesummen mat de Kanner aus dem Cycle 2 an dem Cycle 3 - op d'Kockelscheier Schlittschong fueren. Biller dozou fënnt een an der Galerie.
» Galerie

Prett fir de Lycée
09/02/2019Am Mount Januar haten d'Kanner vum Cycle 4.2 erem d'Méiglechkeet, um Projet "Prett fir de Lycée" deelzehuelen.

Steinzeitworkshops
05/12/2018Am 5. Dezember waren für die SchülerInnen vom Zyklus 4.1 Steinzeitworkshops angesagt. Bilder davon kann man sich in der Galerie ansehen.
» Galerie