Zum Haaptinhalt sprangen

Home

Wëllkomm…


um Website vun der Duelemer Schoul!
Hei kënnt dir Neiegkeeten a ganz vill Informatioune ronderëm eis Schoul fannen. Weiderhinn ass de Site gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten, an dir kënnt eis Schoulbibliothéiken online duerchsichen a Bicher kommentéieren. - Vill Spaass beim Entdecken!

Login


Aktuell News



Bicherdag/Europadag 2019

13/05/2019

D´Motto vum Bicherdag war "Mat alle Senner liesen".
 Pdf.pdf (3.16 MiB)


Diplomiwwerreechung "Prett fir de Lycée"

09/02/2019

E Samschdeg, den 9. Februar war an der aler Schoul zu Duelem Diplomiwwerreechung vum "Projet Prett fir de Lycée". Weider Détailer a Fotoen sinn op der Säit vum Cycle 4 ze fannen.



Chrëschtfeier 2018 - Dat war et ...

20/12/2018

D'Chrëschtfeier 2018 vun den Duelemer Schoulkanner ass eriwwer. E grousse Merci vum Léierpersonal un d'Schoulkanner fir hir flott Presentatiounen, un d'Elteren fir hir Präsenz an u jidfereen, deen eis op irgendeng Manéier bei der Chrëschtfeier gehollef huet. Si all hunn derzou beigedroen, dass d'Chrëschtfeier och dest Joer erem en onvergiesslecht Fest war.

D'Léierpersonal aus der Duelemer Schoul wënscht Iech all flott Chrëschtdeeg an alles Guddes fir 2019.

An der Galerie kann een e puer Fotoen vun der Chrëschtfeier gesinn.



Chrëschtfeier 2018 - Programm

09/12/2018

18.15 h: D’Kanner vum Cycle 1 sangen Chrëschtlidder am Hall vun der Schoul

18.30 h: D’Kanner vum Cycle 2.1 féieren hirt Theaterstéck „Was der Weihnachtsmann alles kann“ op an d’Kanner vum Cycle 2.2 d’Theaterstéck „Pim, Pam an de Pum feiere Chrëschtdag“. D’Kanner vum Cycle 4 féieren zur gläicher Zäit hir „Christmas-Show“ op. Si weisen do, wat si alles vun Talenter hunn a wéi si doraus eppes fir Chrëschtdag maachen.

19.00 h: D’Kanner vum Cycle 2.1 spillen iech zwee kleng Theaterstécker vir („Sterntalerkind“ an „D’Faarw vum Schnéi“). D’Kanner vum Cycle 2.2 trieden nach eng Kéier op. D’Kanner vum Cycle 3.2 erfannen Chrëschtdag nei („Déi nei Feier“) an huelen Iech mat op eng wäit Rees („Weihnachten unter Palmen“).

19.30 h: D’Kanner vum Cycle 3.1 féier di bescht bekannten „Weihnachtsgeschichte“ vum Charles Dickens op an déi vum Cycle 4 trieden nach eng Kéier op.

Dir wëllt een oder e puer vun desen Optrëtter kucke goën? Ticket’en kënnt Dir Iech beim Léierpersonal besuergen.

Mir hoffen, dass mir Iech den 20. Dezember all op der Chrëschtfeier begréisse kënnen.



Chrëschtfeier 2018

13/11/2018

Donneschdes, den 20. Dezember ass di traditionnel Chrëschtfeier an der Duelemer Schoul. Ab 18.00 h owes geet et lass. Weider Détailer kommen nach no ...


Eischt Viregt Nächst Lescht


Kalenner


chevron_left
chevron_right

News Feed


Eise Feed opmaachen / abonnéieren
Erklärungen (Win / Mac)