Zum Haaptinhalt sprangen

Home

Wëllkomm…


um Website vun der Duelemer Schoul!
Hei kënnt dir Neiegkeeten a ganz vill Informatioune ronderëm eis Schoul fannen. Weiderhinn ass de Site gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten, an dir kënnt eis Schoulbibliothéiken online duerchsichen a Bicher kommentéieren. - Vill Spaass beim Entdecken!

Login


Aktuell News



Schoulbusbegleeder - Diplomiwwerreechung

14/10/2019

Di Duelemer Schoul huet fir d'Schouljoer 2019/2020 am ganzen 11 nei Schoulbusbegleeder beikritt. Nodeems si Ufank Juli hir Formatioun gemaat a bestaanen hunn, hunn si Méindes, den 14. Oktober an der aler Schoul zu Duelem a Präsenz vun de Vertrieder vun der Gemeng an der Police hir Diplomer kritt. Mir wënschen hinnen vill Erfolleg bei hirer neier Charge.



Rentrée 2019

09/09/2019

Méindes, den 16. September fänkt d'Schouljoer 2019/2020 un. Wann Dir Informatiounen zum Schoulufank braucht, dann kënnt Dir Iech gären den "Schoulbuet" vun der Gemeng Duelem hei als PDF eroflueden. Infos zum Schoultransport fannt Dir ënnert ADMINISTRATIVES/DOWNLOADS.

Lundi, le 16 septembre, l'année scolaire 2019/2020 va commencer. Si vous avez besoin d'informations concernant la rentrée, vous pouvez télécharger le "Schoulbuet" de la Commune de Dalheim ici sous le format PDF. Vous pouvez télécharger des informations sur le transport scolaire sous la rubrique ADMINISTRATIVES/DOWNLOADS.
 Pdf.pdf (2.85 MiB)


Schoulfest 2019

12/07/2019

Freides, den 12. Juli hat d'Elterevereenegung vun den Duelemer Schoulkanner mat der Ennerstetzung vum Léierpersonal dat traditionnelt Schoulfest organiséiert, fir d'Schouljoer 2018/2019 ofzeschléissen.

Während dem Schoulfest goufen och d'Laureaten vum Molconcours zum Thema "Europa", deen d'Integratiounskommissioun vun der Gemeng Duelem organiséiert hat, ausgezeechent.

D'Léierpersonal aus der Duelemer Schoul wenscht all de Kanner an hiren Elteren eng schéin an erhuelsam Vakanz.



Journée patrimoine

11/06/2019

Denschdes, den 11. Juni waren di Duelemer Schoulkanner am Duerf ennerwee, fir emol all déi Plaazen kennen ze léieren, déi an der Duelemer Geschicht eng wichteg Roll spillen. Duerch Spiller an aner Aktivitéiten konnten si entdecken, wat an der Zäit op deene Plaazen esou geschitt ass.



Secherheetsnomëtteg an der Duelemer Schoul

24/05/2019

Freides, den 24. Mee stoung de ganzen Nomëtteg fir di Duelemer Schoulkanner ennert dem Thema "Secherheet". D'Secherheetskomissioun vun der Gemeng Duelem hat - an Zesummenaarbecht mam CGDIS an der Police Grand-Ducale - Demonstratiounen an Workshops zum Thema "Secherheet" organiséiert.



Eischt Viregt Nächst Lescht


Kalenner


chevron_left
chevron_right

News Feed


Eise Feed opmaachen / abonnéieren
Erklärungen (Win / Mac)