Zum Haaptinhalt sprangen

Home

Wëllkomm…


um Website vun der Duelemer Schoul!
Hei kënnt dir Neiegkeeten a ganz vill Informatioune ronderëm eis Schoul fannen. Weiderhinn ass de Site gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten, an dir kënnt eis Schoulbibliothéiken online duerchsichen a Bicher kommentéieren. - Vill Spaass beim Entdecken!

Login


Aktuell News



Rentrée 2018

04/09/2018

Méindes, den 17. September fänkt d'Schouljoer 2018/2019 un. Wann Dir Informatiounen zum Schoulufank braucht, dann kënnt Dir Iech gären den "Schoulbuet" vun der Gemeng Duelem hei als PDF eroflueden. Infos zum Schoultransport fannt Dir ënnert ADMINISTRATIVES/DOWNLOADS.

Lundi, le 17 septembre, l'année scolaire 2018/2019 va commencer. Si vous avez besoin d'informations concernant la rentrée, vous pouvez télécharger le "Schoulbuet" de la Commune de Dalheim ici sous le format PDF. Vous pouvez télécharger des informations sur le transport scolaire sous la rubrique ADMINISTRATIVES/DOWNLOADS.
 Pdf.pdf (625 KiB)


Schoulfest 2018

13/07/2018

Freides, den 13. Juli hat d'Elterevereenegung vun Duelem zesummen mam Léierpersonal d'Schoulfest organiséiert. Bei guddem Wieder sinn vill Leit komm. Fotoen vum Schoulfest fënnt een an der Galerie.


Schoulfest 2018

03/07/2018

Freides, den 13. Juli ass ab 15.30 h Schoulfest zu Duelem an der neier Schoul. Weider Infos fënnt een um Flyer, deen een hei erof lueden kann.
 Pdf.pdf (508 KiB)


Virliesconcours 2018 - Halleffinal

29/05/2018

Dënschdes, den 29. Mee war d'Halleffinal vum Virliesconcours fir d'Schoulen aus der Direktioun 9 zu Duelem an der Zentralschoul. Fotoen dozou fannt Dir an der Galerie.


Schoulsportdag

17/05/2018

Donneschdes, den 17. Mee war Schoulsportdag an der Duelemer Schoul. An der Galerie sinn e puer Fotoen ze gesinn, déi e bëssen en Iwwerbléck iwwert all dat ginn, wat deen Dag a punkto Sport den Duelemer Schoulkanner ugebueden gouf.


Eischt Viregt Nächst Lescht


Kalenner


chevron_left
chevron_right

News Feed


Eise Feed opmaachen / abonnéieren
Erklärungen (Win / Mac)