Zum Haaptinhalt sprangen

Home

Wëllkomm…


um Website vun der Duelemer Schoul!
Hei kënnt dir Neiegkeeten a ganz vill Informatioune ronderëm eis Schoul fannen. Weiderhinn ass de Site gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten, an dir kënnt eis Schoulbibliothéiken online duerchsichen a Bicher kommentéieren. - Vill Spaass beim Entdecken!

Login


Aktuell News



Rentrée 2020/2021

26/08/2020

D'Rentrée 2020/2021 réckelt ëmmer méi no. Wichteg Informatiounen zur Rentrée kënnt Dir am Schoulbuet fannen, deen Dir hei eroflueden kënnt.


Zeréck an d’Schoul – Reouverture vun de Grondschoulen de 25. Mee

18/05/2020

De 25. Mee ass d'Reprise vun de Coursen am Fondamentale. Villes ass anescht ewéi virdrun. Am Anhang fannt Dir puer wichteg Infoen dozou. Mir wënschen jidderengem eng erfollegräich Rentrée! :)

Infoen a Mesuren

Mesures de protection au cycle 1


Chrëschtfeier 2019 - Programm

09/12/2019

De Programm fir d'Chrëschtfeier vun der Duelemer Schoul steet. Wann Dir Détailer wësse wëllt, dann fannt Dir déi am PDF Fichier, deen un deser Noricht drun hänkt. Tickets fir di eenzel Virstellungen kritt Dir beim Léierpersonal oder an der Oweskeess.

 Pdf.pdf (94 KiB)


Save the date !!! Chrëschtfeier an der Duelemer Schoul

26/11/2019

Donneschdes, den 19. Dezember 2019 ass erem di traditionnell Chrëschtfeier an der Duelemer Schoul. Weider Infos zu desem Fest fannt Dir an de nächste Wochen op deser Plaaz.


Wielen vun den Elterevertrieder

21/10/2019

E Méindeg, den 21. Oktober waren owes am Centre Culturel zu Duelem d'Wahlen fir d'Elterevertrieder ze bestemmen.


Eischt Viregt Nächst Lescht


Kalenner


chevron_left
chevron_right

News Feed


Eise Feed opmaachen / abonnéieren
Erklärungen (Win / Mac)