Zum Haaptinhalt sprangen

Home

Wëllkomm…


um Website vun der Duelemer Schoul!
Hei kënnt dir Neiegkeeten a ganz vill Informatioune ronderëm eis Schoul fannen. Weiderhinn ass de Site gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten, an dir kënnt eis Schoulbibliothéiken online duerchsichen a Bicher kommentéieren. - Vill Spaass beim Entdecken!

Login


Aktuell News





Nei Schoulbusbegleeder fir di Duelemer Schoul

07/10/2021

Den 7. Oktober 2021 hunn 11 nei Schoulbusbegleeder aus dem Cycle 4 vum Francine Poncin vun der Police Grand-Ducale hiren Diplom als Schoulbusbegleeder kritt. Si hunn d'Formatioun zum Schoulbusbegleeder, déi vun  der Police ugebueden gëtt, mat Succès ofgeschloss.


Rentrée 2021/2022

01/09/2021

Och wa mir de Moment nach all eis Vakanz genéissen, ass et gleich erem esou wäit: De Schoulbetrieb waert erem ufänken. Wann Dir nach Informatiounen zum Schouljoer 2021/2022 braucht, dann kënnt Dir e Bléck an den Duelemer Schoulbuet werfen, deen Dir hei eroflueden kënnt.


Label "Clever Move"

15/07/2021

Zenter November 2020 huet di Duelemer Schoul de Label "Clever Move". Des Auszeechnung huet di Duelemer Schoul kritt als Unerkennung fir all déi Aarbecht, déi vum Léierpersonal an de Schouljoeren 2018/2019 an 2019/2020 gemat gouf, fir der Bewegung am Schoulalldag méi eng grouss Plaz ze ginn. Fir d'Schouljoer 2020/2021 huet di Duelemer Schoul de Label "Clever Move" behalen an d'Léierpersonal aus der Duelemer Schoul wäert sech vill Méi ginn, dass dat am Schouljoer 2021/2022 och esou bleift.



Nei Infrastruktur fir di Duelemer Schoul

12/02/2021

Den Duelemer Schoulkanner steet mëttlerweil dëse flotten Ënnerstand am Bësch zur Verfügung.



Éischt Zeréck Nächst Lescht


Kalenner


chevron_left
chevron_right

News Feed


Eise Feed opmaachen / abonnéieren
Erklärungen (Win / Mac)