Zum Haaptinhalt sprangen

Spilldierfchen Inacobado


Spilldierfchen1.pngSpilldierfchen2.pngSpilldierfchen3.png


Eist Spilldierfchen Inacobado ass entstan, duerch en Opruff vum Leader-­‐Miselerland an Zesummenarbecht mat der OLAI, der ASTI an deene verschiddene Miseler Gemengen mat hieren Integratiounskommissiounen (CCCI), fir bei engem Concours matzemaachen.

Dese Concours huet "Integratioun Couch" geheescht, a war ënnert aanerem en Deel vum "pacte d’intégration" deen sech iwwer 3 Joer (2012-­‐2014) gezunn huet. Duerch d’Arbecht vum Leader-Miselerland huet sech e Netz vun deene verschiddenen CCCI’en aus der Miselerregioun gebild. Iwwert dese Wee ka sech ausgetauscht an Aktivitéiten public gemat ginn.

www.mosellediversity.eu

Hei ee Wuert vum Präsident LAG Miselerland Marc Weyer zum Projet Integratioun Couch: "Eine Miselerland Integrationscouch bringt aber nicht nur die Leute während ihrer Entstehung zusammen, nein, sie wird einmal aufgestellt zum Symbol und Treffpunkt Aller, die sich begegnen. Sie ist Ort und Zeichen von Akzeptanz und Toleranz, Inspiration zum kulturellen und sozialen Austausch."

Des Wieder beschreiwen och genee dat, wat mir eis vun Objektiven fir eist Spilldierfchen gesat hunn:

  • Eng gemeinsam Plaaz schaafen, wou jiddereen sech derbäi ka gesellen; an engem informelle Kader, awer och am Kader vun reegelméisseg organiséierten Aktivitéiten; Austausch an Begéinung tëscht all gëtt méiglech.
  • Gemeinsamt Entwécklen vun Ideen an Aktivitéiten.
  • Nei Kontakter a Frëndschafte förderen, déi zu méi Respekt an Toleranz féieren.
  • E Kader bidden, fir vuneneen ze léieren a sech géigesäiteg ze ënnerstëtzen.
  • Emmer méi Awunner aus der Gemeng fir d’Plaz an d’Idee dohannert, sou wéi fir den aktiven Asaz fir d’Weiderliewen vum Spilldierfchen begeeschteren.
  • Beréierungsängscht ofbauen.
  • E Ginn an e Kréien, dat fir all d’Bedeelegt eng wäertvoll Beräicherung ass.
  • De Kanner a Jonken mënschlech Wäerter an der Praxis vermëttelen.
  • Dat sozialt Mateneen an der Gemeng förderen an Spaass mateneen hunn.


Et hunn d’Idee gedroo an d’Ausféierung erméiglecht: D’Gemeng Duelem, d’Schoul Duelem, d’Maison Relais Duelem (Anne asbl) an de Foyer la Cerisaie (Fondation Kräizbierg). Matgewierkt hunn och d’Jugendlecher aus dem Jugendhaus (Croix Rouge), d’Drëttalterskommissioun, Dammen aus dem Duerf an de Fierschter a seng Matarbechter.

Mir hunn zesumme vill schéi Stonne verbruecht an konnten herno och den éischte Präis vum Concours entgéint huelen. Des Suen (3000€) sinn op engem Kont op der Gemeng a sti fir Aktivitéiten am Kader vum Spilldierfchen zu Verfügung.

Op der „Assise nationale des bonnes pratiques communales“ vun der ASTI konnte mir mat zwee Leit, mam Buergermeeschter a mam Präsident vun der CCCI eise Projet virstellen an aaner Gemengen zum Nomaachen inspiréieren.

Et gëtt och eng Wanderausstellung vum Projet „Integratioun Couch“, déi een beim Leader Miselerland ufroe kann.

Spilldierfchen4.pngSpilldierfchen5.png

Eist Spilldierfchen hat elo bal ëmmer reegelméisseg Aktivitéiten. Hei e puer Beispiller:

Als zukünfteg Aktivitéit wëlle mir elo all Joers zesummen den Diversitéitsdag feieren, deen normalerweis den 21. Mee ass. Mir feieren dest Joer e bësse méi spéit, awer dofir zwee Mol. Den Donneschden, den 10. November an den Donneschden, den 17. November vun 16:00 bis 17:30 Auer am Jugendhaus. Et stinn Diskussiounsronnen a pädagogesch Spiller um Programm. Och d’Gestalte vun engem neie Stull zum Thema Diversitéit ass virgesinn a natiirlech och e gudd Stéck Kuch.

Beim Spilldierfchen Inacobado ass jiddereen wëllkomm fir seng Ideen iwwert d‘E-Mail Adress vun der Coordinatrice vun den Aktivitéiten mat anzebréngen.

Inacobado steet fir "Unvollendet", et kann a soll also emmer dru geschafft ginn.