Zum Haaptinhalt sprangen

Home

Wëllkomm…


um Website vun der Duelemer Schoul!
Hei kënnt dir Neiegkeeten a ganz vill Informatioune ronderëm eis Schoul fannen. Weiderhinn ass de Site gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten, an dir kënnt eis Schoulbibliothéiken online duerchsichen a Bicher kommentéieren. - Vill Spaass beim Entdecken!

Login


Aktuell News



Schoulsportdag 2017

18/05/2017

Donneschdes, den 18. Mee war Schoulsportdag an der Duelemer Schoul. Hei e puer Fotoen, wou een ka gesinn, wat deen Dag alles an deenen eenzelne Cyclen organiséiert gi war, fir de Kanner Freed un der Bewegung an um Sport ze vermëttelen.


Aktivitéit mam Fierschter

10/01/2017

Am Mount Dezember goufen am Bösch ronderem den Heedscheierhaff Beem ëmgemaat. Den Fierschter vun Duelem, den Tom Engel, hat d'Schoulklassen aus der Duelemer Schoul invitéiert, fir laanscht kucken ze kommen. D'Kanner aus dem Cycle 2, dem Cycle 3.2 an dem Cycle 4 hunn des Invitatioun ugeholl an hunn en interessanten Mueren am Bösch verbruecht, wou si op eng flott Art a Weis erklärt kritt hunn, firwaat Beem ëmgemaat musse ginn a wéi dat gemaat gëtt.


Chrëschtfeier 2016 - Merci !!!

23/12/2016

D'Chrëschtfeier vun der Duelemer Schoul war dest Joer och erem e grousse Succès. Duerfir wëlle mir op deser Plaaz jidferengem MERCI soen, deen dozou beigedroën huet, dass d'Chrëschtfeier vun der Duelemer Schoul fir jidfereen e flott Fest war.


Chrëschtfeier 2016 - Programm

07/12/2016

Hei de Programm vun der Chrëschtfeier 2016:

Cycle 1  : Chrëschtlidder sangen (18.15 h)
Cycle 2.1: Chrëschtlidder sangen (18.30 h)
Cycle 2.2: Musical "Ennert der Decken" (18.50 h)
Cycle 3.1: Theatersteck "Yoga mit dem Weihnachtsmann" (19.15 h)
Cycle 3.2: Liddershow "Sang mat!" (19.15 h)
Cycle 4: Christmas-Show (18.30 h / 19.30 h)

Wann Dir Ticket'en braucht fir eng vun dese Virstellungen kucken ze goën, dann setzt Iech mam Léierpersonal a Verbindung.



Chrëschtfeier 2016 - Save the date !!

15/11/2016

Markéiert Iech den 22. Dezember elo schonn roud an Ärem Kalenner. Deen Dag ass zu Duelem an der Schoul Chrëschtfeier!!! Weider Détailer fannt Dir an de nächsten Wochen op dëser Plaaz ...


Éischt Zeréck


Kalenner


chevron_left
chevron_right

News Feed


Eise Feed opmaachen / abonnéieren
Erklärungen (Win / Mac)