Aktivitéiten Cycle 1
Sportsdag vum C1
15/07/2019Mat flotte Spiller verbrengen mir e Moien am Méidenger Bësch. Hei sinn e puer Andréck vum Précoce.
* Bäll am Netz: Vill kleng faarweg Bäll ginn mir mat Hellëf vun eisen Netzer un daat Kand niewt eis weider.
* Jickeparcours: Mir loossen d'Jicken duerch Réier a Schläich an d'Biitercher rullen.
* Pacman: Mir huelen mat eisem Tennisball Pacman Holzstécker an transportéieren se duerch e Slalom an de Kuerf.
* Allerhand Genuddels: Mir probéieren eis Nuddelen duerch d'Reefer mat verschiddenen Gréissten an Héichten ze schéissen.
* Picknick am Bësch
* Sportquiz mam Velo: Mir brengen mam Velo d'Kärtchen mam Sportgeschier bei déi passsend Sportart.
» Galerie
Ausflug an de Parc Merveilleux op Betebuerg
22/06/2018Den 15. Juni war de Précoce op en Ausflug an de Betebuerger Parc, oder de "Lëtzebuerger Park", wéi e puer vun eise Butzen soen.
» Galerie
Schoulsportdag am Méidenger Bësch/Précoce
18/05/2018De 17.Mai war Schoulsportdag. De Précoce war mam ganzen C1 an de Méidenger Bësch fir en sportlechen Dag ze erliewen mat villen flotten Spiller.
» Galerie
Zwergeparty am Précoce
17/02/2017Fir d'Fueszäit behandele mir d'Thema d'Schnéiwittchen an déi 7 Zwergen. Do dierf eng Zwergen-Fuesparty natiirlech net fehlen.
» Galerie
Den C1 geet liichten
03/02/2017Den 02. Februar sinn d'Klassen vum C1 ënnereneen an bei de Primaire liichte gaang. Kuckt hei d'Fotoen an d'Filmer.