Zum Haaptinhalt sprangen

Home

Wëllkomm…


um Website vun der Duelemer Schoul!
Hei kënnt dir Neiegkeeten a ganz vill Informatioune ronderëm eis Schoul fannen. Weiderhinn ass de Site gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten, an dir kënnt eis Schoulbibliothéiken online duerchsichen a Bicher kommentéieren. - Vill Spaass beim Entdecken!

Login


Aktuell News



Schoulufank

05/09/2025

Mir freen eis op Är Kanner!




Schoulfest 2024 - Datum

20/03/2024

Dir kënnt Iech elo schon den 3. Juli 2024 an Ärem Kalenner markéieren. Deen Dag ass zu Duelem an der neier Schoul e grousst Schoulfest fir d'Kanner an hir Elteren.




Peace Run 2023

21/09/2023

Donneschdes, den 21. September war d’Staffel vum Peace-Run zu Duelem an der Grondschoul op Besuch. Si koume vu Rëmerschen iwwer Elleng a Welfreng op Duelem. Bei der Schoul goufen si vun all de Kanner aus der Schoul mat engem Danz begréisst. Duerno hunn d’Leefer hire Projet virgestallt an e puer Spiller mat de Kanner gemaach, fir hinnen de Gedanke vum Fridde méi no ze bréngen. No enger hallwer Stonn an enger klenger Stäerkung hunn d’Leefer vum Peace-Run sech weider Richtung Conter gemaach.




Rentrée 2023/2024

24/08/2023

D'Rentrée 2023/2024 steet virun der Dir. Wann Dir Informatiounen zur Rentrée 2023/2024 braucht, dann fannt Dir déi bestëmmt am Schoulbuet, deen un dësem Antrag drun hänkt.




Bicherdag 2023

25/05/2023

Och dest Joer hate verschidde Klasse rem hire Bicherdag.




Nächst Lescht


Kalenner


chevron_left
chevron_right

News Feed


Eise Feed opmaachen / abonnéieren
Erklärungen (Win / Mac)