Zum Haaptinhalt sprangen

Peace Run 2023

21/09/2023

Donneschdes, den 21. September war d’Staffel vum Peace-Run zu Duelem an der Grondschoul op Besuch. Si koume vu Rëmerschen iwwer Elleng a Welfreng op Duelem. Bei der Schoul goufen si vun all de Kanner aus der Schoul mat engem Danz begréisst. Duerno hunn d’Leefer hire Projet virgestallt an e puer Spiller mat de Kanner gemaach, fir hinnen de Gedanke vum Fridde méi no ze bréngen. No enger hallwer Stonn an enger klenger Stäerkung hunn d’Leefer vum Peace-Run sech weider Richtung Conter gemaach.






» Galerie