Zum Haaptinhalt sprangen

Home

Wëllkomm…


um Website vun der Duelemer Schoul!
Hei kënnt dir Neiegkeeten a ganz vill Informatioune ronderëm eis Schoul fannen. Weiderhinn ass de Site gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten, an dir kënnt eis Schoulbibliothéiken online duerchsichen a Bicher kommentéieren. - Vill Spaass beim Entdecken!

Login


Aktuell News



Summervakanz !!!

15/07/2017

D'Léierpersonal aus der Duelemer Schoul wënscht all de Schüler a Schülerinnen an hiren Elteren eng flott an erhuelsam Summervakanz. Mir gesinn eis dann Freides, de 15. September erem ...


Tour de France

04/07/2017

Dënschdes, den 4. Juli waren d'Kanner vum Cycle 3.2 a vum Cycle 4 op Mondorf, fir do beim Départ vun der 4. Etapp vum Tour de France derbäi ze sinn. An der Galerie kann een sech e puer Fotoen vun deem Event ukucken.


Diplomiwwerreechung "Prett fir de Lycée"

22/05/2017

Méindes, den 22. Mee hunn 15 Schüler a SchülerInnen aus dem Cycle 4.2 en Diplom iwwerreecht kritt, mat deem si weise kënnen, dass si d'Formatioun "Prett fir de Lycée", déi während 3 Samschdeger am Mount Mee an der Duelemer Schoul war, ofgeschloss hunn. Weider Détailer zu deer Formatioun fannt Dir op der Säit vum Cycle 4.


Schoulsportdag 2017

18/05/2017

Donneschdes, den 18. Mee war Schoulsportdag an der Duelemer Schoul. Hei e puer Fotoen, wou een ka gesinn, wat deen Dag alles an deenen eenzelne Cyclen organiséiert gi war, fir de Kanner Freed un der Bewegung an um Sport ze vermëttelen.


Aktivitéit mam Fierschter

10/01/2017

Am Mount Dezember goufen am Bösch ronderem den Heedscheierhaff Beem ëmgemaat. Den Fierschter vun Duelem, den Tom Engel, hat d'Schoulklassen aus der Duelemer Schoul invitéiert, fir laanscht kucken ze kommen. D'Kanner aus dem Cycle 2, dem Cycle 3.2 an dem Cycle 4 hunn des Invitatioun ugeholl an hunn en interessanten Mueren am Bösch verbruecht, wou si op eng flott Art a Weis erklärt kritt hunn, firwaat Beem ëmgemaat musse ginn a wéi dat gemaat gëtt.


Eischt Viregt Nächst Lescht


Kalenner


chevron_left
chevron_right

News Feed


Eise Feed opmaachen / abonnéieren
Erklärungen (Win / Mac)