Zum Haaptinhalt sprangen

Home

Wëllkomm…


um Website vun der Duelemer Schoul!
Hei kënnt dir Neiegkeeten a ganz vill Informatioune ronderëm eis Schoul fannen. Weiderhinn ass de Site gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten, an dir kënnt eis Schoulbibliothéiken online duerchsichen a Bicher kommentéieren. - Vill Spaass beim Entdecken!

Login


Aktuell News



Chrëschtfeier 2017 - Programm

02/12/2017

18.15 h: D’Kanner vum Cycle 1 sangen Chrëschtlidder am Zelt virun der Schoul

18.30 h: D’Kanner vum Cycle 3 verzielen Iech Gedichter an aner Saachen zu Chrëschtdag ("Weihnachtspoesie"). D’Kanner vum Cycle 4 féieren zur gläicher Zäit hir „Christmas-Show“ op. Si weisen do, wat si alles vun Talenter hunn a wéi si doraus eppes fir Chrëschtdag maachen.

18.45 h: D’Kanner vum Cycle 2.1 spillen Iech „Märchenhaft Chrëschtdeeg“ vir. Dat sinn dräi kleng Theaterstécker.

19.15 h: Och de Weihnachtsmann a seng Gesellen musse fit bleiwen. Wéi dat geet, kënnt dir beim Optrëtt vum Cycle 2.2, deen sech „Yoga mit dem Weihnachtsmann“ nennt, gesinn.

19.30 h: D’Kanner vum Cycle 3 an déi vum Cycle 4 trieden nach eng Kéier op.
 
Dir wëllt een oder e puer vun desen Optrëtter kucke goën? Ticket’en kënnt Dir Iech beim Léierpersonal besuergen. Mir hoffen, dass mir Iech den 14. Dezember all op der Chrëschtfeier begréisse kënnen.



Chrëschtfeier 2017

13/11/2017

Och dëst Joër invitéieren di Duelemer Schoulkanner an hiert Léierpersonal op di traditionnel Chrëschtfeier. Den Datum kënnt Dir Iech elo schon an Ären Agenda aschreiwen:
Donneschdes, den 14. Dezember (ab 18.00 h)

Weider Détailer kommen an de nächsten Wochen nach no ...



Wahlen vun den Elterevertrieder

26/10/2017

Dir wëllt wëssen, wien di nei Elterevertrieder fir di next zwee Joer sinn? Da liest den Artikel zu deem Thema, deen der hei fanne kënnt.


Diplomiwwerreechung "Schoulbusbegleeder"

27/09/2017

E Mëttwoch, den 27. September hunn 20 Kanner aus dem Cycle 4.1 vum Här Jos Heisbourg, Buergermeeschter vun Duelem, vum Luc Vandivinit vun Voyages Vandivinit a vum Laurent Goedert vun der Police Grand-Ducale hiren Diplom als Schoulbusbegleeder iwwerreecht kritt. Et war och d'Police Grand-Ducale, déi am Juni 2017 d'Formatioun fir all déi Kanner organiséiert hat, déi Schoulbusbegleeder wollte ginn. Di nei Schoulbusbegleeder sinn vun deser Woch un dann an den Duelemer Schoulbussen aktiv, wou si hiren Deel dozou bäidroen, dass de Schoultransport zu Duelem gudd funktionnéiert. An der Galerie kënnt Dir Iech Fotoen vun der Dilpomiwwerreechung ukucken.


Rentrée 2017/2018

04/09/2017

Schoulufank 2017/2018 ... Dir braucht Informatiounen? Dann kënnt Dir am PDF-Fichier, deen Dir hei fanne kënnt nokucken ...

Rentrée des classes 2017/2018 ... Vous avez besoin d'informations? Vous les trouverez dans le fichier PDF qui est attaché à cet article ...

Back to School 2017/2018 ... You need informations? You will find them in the PDF File attached to this article ...
 Pdf.pdf (611 KiB)


Eischt Viregt Nächst Lescht


Kalenner


chevron_left
chevron_right

News Feed


Eise Feed opmaachen / abonnéieren
Erklärungen (Win / Mac)