Aktivitéiten Cycle 4
Yoga am Cycle 4
29/10/2025Haut de Moien hu mer 1,5 Stonn Yoga mat mam Joyce Serres am Cycle 4 gemaach. Mir hu geléiert, eis ze stretchen, hunn Otemübunge gemaach a waren herno richteg entspaant drop...
» Galerie

Duelemer Busadler 2025/2026
23/10/2025Mir gratuléieren deenen neien Duelemer Busadler! Si hunn hier Formatioun gepackt. Si sinn ab elo och an de Schoulbusser aktiv.
Am C 4.1.1 waren folgend Kanner dobäi: Catherine, Charlotte, Mads, Felix, Pol, Sam, Emil, Aras
Am C 4.1.2 sinn et: Oscar, Cris, Nick, Zion, Matisse, Alina, Elina, Lana, Hannah, Jil, Bérénice, Pierre, Elina
Bravo!
» Galerie

Taekwondo - Schnupper-Kurs
21/10/2025Am Cycle 4 gouf et e Schnupper-Kurs am Taekwondo... Merci un den Här Romain Dicken.
» Galerie

Musée - "Evolution der Wirbeltiere"
03/10/2025De Cycle 4.1.1 war an de Musée, do hu mir en Atelier am Kader vum Geschichts-Cours gemat.
» Galerie
Ofschloss-Woch am Cycle 4.2
08/07/2025An der Woch vum 30. Juni hat de Cycle 4.2 all Dag en aneren, flotten Ausfluch, fir hiren Ofschloss zu Duelem an der Schoul ze feieren. Vu Klotergaart, bis Kino, Piscine a Minigolf, war och d'Phantasialand um Programm.
» Galerie
De Cycle 4 liest vir
27/06/2025Haut ware mir erop bei de Cycle 1 an de Cycle 2, wou mir de Kanner a Gruppen aus Kannerbicher virgelies hunn. All Grupp huet während Wochen ee Buch op franséisch an ee Buch op däitsch virbereed.
» Galerie

Virliesconcours am Cycle 4
12/06/2025Während Wochen hunn eis Kanner e Passage an engem Buch virbereed. An enger 2. Ronn hu se du missen en onbekannten Text virliesen.
Félicitatiounen eise 6 Gewënner!
» Galerie
Charity Cross
23/05/2025De Cycle 4 huet vill Kilometeren um Charity Cross zu Gréiwemaacher gesammelt.
» Galerie
Cycle 4 - Veloswoch - Deel 4
15/05/2025Zum Schluss vun eiser Veloswoch hu mir donneschdes eis grouss Final op der Scoutswiss gehat. D'Kanner goufe vu ville Klassen ugefeiert.

Cycle 4 - Veloswoch - Deel 1
14/05/2025D'Veloswoch 2025 huet donneschdes mat engem Velos-Check an engem Theories-Test gestart.
Méindes ware mir an de Verkéiersgaart op Nidderanven.
