Zum Haaptinhalt sprangen

Aktivitéiten Cycle 4


Velosdag am Cycle 4

09/06/2022

Well de Cycle 4 dest Joer net an de Verkéiersgaart konnt goen, hunn d'Kanner aus dem Cycle 4 de 9. Juni 2022 an den Duelemer Stroossen d'Verkéiersreglen kenne geléiert an trainéiert.


Cycle 4.2 - Sortie an d'Stad Lëtzebuerg

20/04/2022

Mëttwochs, den 20. Abrëll war den Cycle 4.2 an d'Stad Lëtzebuerg, fir eis Haaptstad besser kennen ze léieren a fir Informatioune fir eng Arbecht an der Geographie ze sammelen.


Steenzäit - Workshops

09/02/2022

D'Kanner aus dem Cycle 4.1 hunn sech e ganzen Dag Zäit geholl, fir Techniken aus der Steenzäit auszeprobéieren an esou ze léieren, wéi d'Leit deemols geliewt hunn.


Prett fir de Lycée

15/01/2022

Samschdes, den 15. Januar huet de Cycle 4.2 mam Projet "Prett fir de Lycée" ugefangen. Bei deem Projet geet et drems, d'Kanner aus dem Cycle 4.2 fit fir d'Emfeld vum Lycée ze maachen.


Journée Nationale de l'Arbre

03/12/2021

Freides, den 3. Dezember 2021 hunn d'Kanner aus dem Cycle 4.2 zesummen mam Fierschter Tom Engel a mat de Bëscharbechter Uebstbeem geplanzt.



Steenzäit - Juegdspill

01/12/2021

Den 1. Dezember 2021 sinn d'Kanner vum Cycle 4.1 am Buchholz op d' "Juegd" gaangen, fir ze léieren, wéi schwéier et war, deemols eppes z'iessen ze kréien.


Mëttelalterdag vum Cycle 4.2

20/10/2021

Mëttwochs, den 20. Oktober war den Cycle 4.2 op Buurschent op d'Buerg, fir do ze léieren, firwat eng Buerg gudd ass. Wiederbedéngt ass deen Dag awer regelrecht an d'Waasser gefall ...



Team C4.1

20/09/2021

Den 20. an den 21. September war den Cycle 4.1 zu Kayl am Scoutschalet fir di scho bal traditionnel Teambuilding-Aktivitéit vun deene neie Schüler aus dem Cycle 4.


Ricciacum

07/07/2021

De Cycle 4.1 huet sech de 7. Juli zu Fouss a mam Velo op de Wee gemat, fir d'Iwwerreschter vun der Réimer zu Duelem ze entdecken an mat Workshops d'Liewen vun de Réimer besser kennen ze léieren.


Sortie Minette

30/06/2021

Wéinst dem COVID-19 an deenen domat verbonnen Aschränkungen war et fir den Cycle 4.2 och dest Joer net méiglech wi fréier an d'Mine schaffen ze goen. Fir trotzdem de Minette besser kennen ze léieren, huet de Cycle 4.2 den 30. Juni en Dag am Minette verbruecht.