Zum Haaptinhalt sprangen

Aktivitéiten Cycle 2


Biodiversum Remerschen

09/05/2019

Den 20.03 war den C2.2 op Remerschen an de Biodiversum. Mir haten d´Thema: Eraus aus dem Nascht.


Liesnuecht an der Schoul März 2019

04/04/2019

Den 28 Mäerz war eng lass an der Nuecht; 

Do mir hei gelies a  geschlof. Mir dat sinn: Max, Santiago, Theo, Tim, Lenny, Freyja, Amélie, Noémie, Lea an Anita.

Fir d'éischt hunn mer ons mol installéiert.. zum Gléck hunn e puer Pappe gehollef beim Opriichten!

Och ons Liiblingsbicher hate mir matbruecht.

Mir hunn Buschtawe mat onsiichtbarer Tënt geschriwwen, mat der Fieder geschriwwen, Lieszeeche gebastelt an gebak.

Natierlech hunn mer och vill gelies!!

Mir hunn och e Rallye gemaach wou mer ee richtege Schatz fonnt hunn.

Owes huet Joffer Annemarie ons nach eng GuddNuechtGeschicht virgelies.. mat dausend Kussen (et kennen der och e puer manner gewiescht sinn).

Du ware mer midd an hunn méi oder manner bis mueres geschlof....

An der Nuecht ass et vill méi flott an der Schoul!!! An et ginn och keng Geeschter an der Schoul...

» Liesnuecht




Schlittschong

12/03/2019

Donneschdes de 14. Februar ware mir alleguer zesummen op d'Kockelscheier Schlittschong fueren. Et war ganz flott an mir haaten alleguer vill Spaass.


fuesparty

11/03/2019

Freides mettes firun der Fuesvakanz, war wéi all Joer Fuesparty ugesot zu Duelem an der Schoul. Och den Cycle 2 huet gefeiert.


De sechere Schoulwee

11/03/2019

Zesumme mat der Police, léiert den Cycle 2.2 epes iwer de sechere Schoulwee. Méindes no der Fuesvakanz war d'Police eng 1.Kéier am Cycle 2.


Schnéi...

05/02/2019

Es schneit, es schneit, kommt alle aus dem Haus...
Den C2 huet Spaass am Schnéi.


Den C2 geet liichten

02/02/2019

E Freiden 1.2. war den C2 mat hiere selwer gebastelten Lampionen duech d'Schoul liichten.


Wibbel An Dribbel

11/07/2018

De Cycle 2.2 war op Hesper op de Wibbel an Dribbel. Et huet Spaß gemach!


Klotti Park

29/06/2018

De Cycle 2 hat e flotten Ausflug an de Klotti Park


Naturschoul

18/05/2018

Den C2 war op Lasauvage an d'Naturschoul. Mir hun do verschidden Aktivitéiten zu den Themen Beien, Ekeldéieren an Weier gemaach. Ausserdem krute mir d'Geschicht vun der Hex vu Lasauvage erzielt. Et war ee superflotten Dag.