Zum Haaptinhalt sprangen

Home

Wëllkomm…


um Website vun der Duelemer Schoul!
Hei kënnt dir Neiegkeeten a ganz vill Informatioune ronderëm eis Schoul fannen. Weiderhinn ass de Site gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten, an dir kënnt eis Schoulbibliothéiken online duerchsichen a Bicher kommentéieren. - Vill Spaass beim Entdecken!

Login


Aktuell News



Prett fir de Lycée

05/05/2018

Während 4 Samschdeger ass moies an der Duelemer Schoul de Projet "Prett fir de Lycée" fir d'Kanner vum Cycle 4.2 duerchgezunn ginn. Bei dësem Projet geet et drëms, dass d'Kanner Verhaalensmuster léieren, déi si benotzen kënnen, wann si Problemer am Emfeld vum Lycée sollte kréien. Leschte Samschdeg hunn d'Kanner aus dem Cycle 4.2 a Präsenz vun hiren Elteren hir Diplomer iwwerreecht kritt. Fotoen zum Projet fënnt een an der Galerie.



Stop Mobbing

28/02/2018

Mëttwochs, den 28. Februar waren d'Kanner aus dem Cycle 4 all am Jugendhaus, wou si e ganzen Dag laang sech mam Thema "Mobbing" befaasst hunn. Dobäi hunn hinnen d'Leit vun  Stop-Mobbing, d'Educateuren an Educatricen aus der Maison Relais an hir Léierinnen a Schoulmeeschteren gehollef.

Wann Dir méi wësse wëllt, dann liest emol no, wat d'Kanner aus dem Cycle 4.2 iwwert deen Dag geschriwwen hunn.


Den C1 war liichten

06/02/2018

Hei kënnt Dir Fotoen a Filmer kucken. Vill Spaass!


Chrëschtfeier 2017 - Fotoen

14/12/2017

Och dest Joer war d'Chrëschtfeier vun der Duelemer Schoul e grousse Succès. An der Galerie kënnt Dir Fotoen vun der Chrëschtfeier gesinn. D'Léierpersonal an d'Kanner aus der Duelemer Schoul soen der Gemeng Duelem, den Elteren vun de Schüler, den Elterevertrieder an jidferengem, deen soss nach gehollef huet, dass et e gelongenen Owend war, villmols MERCI !!!



Chrëschtfeier 2017 - Programm

02/12/2017

18.15 h: D’Kanner vum Cycle 1 sangen Chrëschtlidder am Zelt virun der Schoul

18.30 h: D’Kanner vum Cycle 3 verzielen Iech Gedichter an aner Saachen zu Chrëschtdag ("Weihnachtspoesie"). D’Kanner vum Cycle 4 féieren zur gläicher Zäit hir „Christmas-Show“ op. Si weisen do, wat si alles vun Talenter hunn a wéi si doraus eppes fir Chrëschtdag maachen.

18.45 h: D’Kanner vum Cycle 2.1 spillen Iech „Märchenhaft Chrëschtdeeg“ vir. Dat sinn dräi kleng Theaterstécker.

19.15 h: Och de Weihnachtsmann a seng Gesellen musse fit bleiwen. Wéi dat geet, kënnt dir beim Optrëtt vum Cycle 2.2, deen sech „Yoga mit dem Weihnachtsmann“ nennt, gesinn.

19.30 h: D’Kanner vum Cycle 3 an déi vum Cycle 4 trieden nach eng Kéier op.
 
Dir wëllt een oder e puer vun desen Optrëtter kucke goën? Ticket’en kënnt Dir Iech beim Léierpersonal besuergen. Mir hoffen, dass mir Iech den 14. Dezember all op der Chrëschtfeier begréisse kënnen.



Eischt Viregt Nächst Lescht


Kalenner


chevron_left
chevron_right