Aktivitéiten Cycle 4
1. Hëllef am Cycle 4
17/03/2025Zesumme mam Tani vun "1. Hëllef - Jeff Herr" hu mir en 1. Hëllefscours vu bal 4h gemat a gepackt!
» Galerie
Blocx - Esch
17/03/2025Am Kader vun eisem Sports-Cours ware mir zesummen an de Blocx op Esch an hate vill Spaass.
» Galerie


Chrëschtdags-Atelieren am Cycle 4
19/12/2024Mëttwochs an donneschdes virun der Vakanz hu mir gutt gebastelt. Gewichtelt gouf och ⭐️
» Galerie

En Dag zu Veianen an der Buerg
25/11/2024De Cycle 4.2 huet méindes, de 25. November 2024 e Sprong zeréck an d'Mëttelalter gemaach ⚔️

Halloween-Atelieren am Cycle 4.2
11/11/2024Freides, de 25. Oktober hunn d'Kanner aus dem Cycle 4.2 lecker-gruseleg/gruseleg-lecker Halloween-Snacks virbereed...
» Galerie
Nei Duelemer Busadler 2024/2025
21/10/2024Hei sinn eis nei Busadler, mir gratuléieren!
Feelen: Mohamed, Gabriel, Jayne
» Galerie
Duelemer Busadler 2023/2024
25/11/2023Mir gratuléieren deenen neien Duelemer Busadler! Si sinn ab elo och an de Schoulbusser aktiv. Si hunn fir Formatioun gepackt.
Aus dem Cycle 4.1 sinn dëst Joer nei derbäi:
Max Wildgen, Max Lentz, Yann, Smilla, Kenny, Léini, Hannah
Aus dem Cycle 4.2:
Tim Limpach
Bravo!
» Galerie

Cybersecurity Week am Schengenlycée
25/11/2023De 16. November war de Cycle 4.2 an de Schengenlycée, fir do un der Cybersecurity-Week deelzehuelen.
"Mir wëllen Iech déi spannend Welt vun der Cybersecurity virstellen. Dëst si spannend Concourse wou Dir Äert Wëssen a Fäegkeeten am Beräich vun der Cybersécherheet demonstréiere kënnt andeems Dir eenzel Aufgaben (Erausfuerderungen) léist. D’Zil ass Iech fir d’Thema Cybersécherheet ze begeeschteren an Är Fäegkeeten an dësem Beräich z’entwéckelen.
Wärend den Erausfuerderunge wäert Dir mat verschiddenen Aufgaben a Puzzel konfrontéiert ginn, déi geléist musse ginn. Dir léiert wéi Dir Schwächen a Computersystemer entdeckt, wéi Dir Iech virun Hackerattacke schützt a wéi Dir sécher um Internet kommunizéiere kënnt. Et hëlleft Iech déi verschidden Aarte vu Bedrohungen ze verstoen deene mir all Dag online ausgesaat an Iech d’Wësse gi fir Iech ze schützen.
Dës Erausfuerderunge kënne verschidde Formen unhuelen, sou wéi Code briechen, verstoppten Hiweiser fannen oder Hackerattacke simuléieren. Si sinn entwéckelt fir Äert kritescht Denken, Problemléisungsfäegkeeten, Kreativitéit an Out-of-the-Box Denken ze encouragéieren."
Duerno si mir ganz stolz heemkomm, well mir hu gewonn!
» Galerie