Aktivitéiten Cycle 2




Kolonie C2.2 zu Prüm
13/07/2019Den C2.2 war an der Kolonie zu Prüm. Hei e puer Fotoen vun eis.
» Galerie

En Dag an der Naturschoul zu Zowaasch
14/06/2019Den C2 war haut zu Lasauvage an d'Kanner hunn u verschiddenen Aktivitéiten deelgeholl.
» Galerie

Secherheetsnometten
03/06/2019E Freiden de Metten firun der Ouschtervakanz waren d'Police an d'Pompjeen zu Duelem an der neier Schoul op Besuch. Sie hun flott Atelieren mat ais gemaach.
» Galerie

Biodiversum Remerschen
09/05/2019Den 20.03 war den C2.2 op Remerschen an de Biodiversum. Mir haten d´Thema: Eraus aus dem Nascht.
» Galerie
Liesnuecht an der Schoul März 2019
04/04/2019Den 28 Mäerz war eng lass an der Nuecht;
Do mir hei gelies a geschlof. Mir dat sinn: Max, Santiago, Theo, Tim, Lenny, Freyja, Amélie, Noémie, Lea an Anita.
Fir d'éischt hunn mer ons mol installéiert.. zum Gléck hunn e puer Pappe gehollef beim Opriichten!
Och ons Liiblingsbicher hate mir matbruecht.
Mir hunn Buschtawe mat onsiichtbarer Tënt geschriwwen, mat der Fieder geschriwwen, Lieszeeche gebastelt an gebak.
Natierlech hunn mer och vill gelies!!
Mir hunn och e Rallye gemaach wou mer ee richtege Schatz fonnt hunn.
Owes huet Joffer Annemarie ons nach eng GuddNuechtGeschicht virgelies.. mat dausend Kussen (et kennen der och e puer manner gewiescht sinn).
Du ware mer midd an hunn méi oder manner bis mueres geschlof....
An der Nuecht ass et vill méi flott an der Schoul!!! An et ginn och keng Geeschter an der Schoul...
» Liesnuecht